Luxemburger Pfadfinder trauern Mai02

Luxemburger Pfadfinder trauern

Die Pfadfinder Luxemburgs, de Lëtzebuerger Scoutissem, trauern um ihr Oberhaupt. Im Alter von 98 verstarb am 23. April Jean von Luxemburg. Von 1964 bis 2000 war er als Großherzog der Staatschef von Luxemburg. In Monarchien ist es üblich, dass das Staatsoberhaupt zugleich auch Oberhaupt und Schirmherr der nationalen Pfadfinderbewegung ist. Hier der offizielle Nachruf der Pfadfinder in Landessprache: De Lëtzebuerger Scoutissem huet en aussergewéinleche Chef verluer. Le véritable chemin du bonheur est de donner celui-ci aux autres. Essayez de quitter la terre en la laissant un peu meilleure que vous l’avez trouvée et quand l’heure de la mort approchera, vous pourrez mourir heureux en pensant que vous n’avez pas perdu votre temps et que vous avez fait «de votre mieux». (Lord Robert BADEN-POWELL)  Eemol Scout, ëmmer Scout… dëst war vun Ufank un Devis vum Grand- Duc Jean. A Präsenz vu 5000 Scouten, déi aus allen Ecke vum Land zesumme komm  sinn, huet S.A.R. de Prënz Jean vu Lëtzebuerg  den 28. Oktober 1945 am Stadion op der Arelerstrooss Säi Scoutsverspriechen ofgeluecht. A Senger Usprooch sot de Prënz : « …Ech hunn elo grad virun Iech an Är Hänn d’Scoutsverspriechen ofgeluecht. Ech faassen dat Verspriechen als eng ganz eescht Saach op, déi e Mënsch fir d’Liewe bënnt, viru sengem Härgott a viru sengem Gewëssen ! Am Scoutissem erkennen ech méi ewéi e Spill fir grouss, kleng a ganz kleng Bouwen ; ech gesinn an him eng wonnerbar Method, fir jonk Mënschen zu charaktervolle Männer an zu gudde Bierger z’erzéien… ». Hien huet sech vun dunn un als Chef-Scout vun der « LUXEMBOURG BOY SCOUTS ASSOCIATION / LBSA engagéiert. Deemools war de jonke Prënz nach Ierfgroussherzog; 1964 huet hien d’Charge als « Chef d’État » iwwerholl. Schonn am Joer 1943, wéi d’Groussherzogin Charlotte mat Hirer Famill an Hirer Regéierung zu London am Exil war, hu...